An der Emissioun vum Februar erklären d'CSV Europadeputéiert firwat si fir de CETA gestëmmt hunn.
An der Emissioun vum Februar erklären d'CSV Europadeputéiert firwat si fir de CETA gestëmmt hunn.
An der Emissioun "Europäesch Impressiounen" vum November 2016 erkläert d'Kompetenzteam vun der CSV am Europaparlament ënnert anerem firwat si der Meenung sinn, dass d'Bäitrëttsgespréicher mat der Tierkei mussen op Äis geluecht ginn. Donieft geet et ëm d'Loftverschmotzung an der EU, de CETA, den...
An der Emissioun "Europäesch Impressiounen" vun Enn Oktober beschäftegt sech d'Kompetenzteam vun der CSV virun allem mam Handelsaccord mat Kanada (CETA).
D'Kompetenzteam vun der CSV am Europaparalament mécht de Bilan vun den Aarbechten am Parlament zu Stroossbuerg. De Klimaaccord vu Paräis gouf offiziell ugeholl, de Roaming bis Juni 2017 ofgeschaf an de Frank Engel kuckt déi wirtschaftlech Entwécklung a Griicheland ganz kritesch.
An der Emissioun "Europäesch Impressiounen" vum September kommentéiert d'Kompetenzteam vun der CSV virun allem d'Ried zur Lag vun der Unioun vum Jean-Claude Juncker. Donieft geet et ëm Lëtzebuerger Aussepolitik an den Ausbléck op de Sommet vu Bratislava.
D'Kompetenzteam am Europaparlament beschäftegt sech an der Juli Emissioun vun Europäesch Impressiounen virun allem mat de Konsequenze vum Brexit-Referendum.
An der Emissioun vum Juni schwätzt d'Kompetenzteam vun der CSV am Europaparlament ënnert anerem iwwert den Handelsaccord CETA, iwwert den Investitiounsplang vun der Juncker-Kommissioun, iwwert 40 Joer EVP, legal Migratioun an Hëllef an de betraffene Länner.
An der Emissioun vum Mount Mee geet et ëm Austausch vun Informatiounen iwwer Rulingen, ëm TTIP, de congé parental an der EU, ëm d'Fro nom europäesche Spëtzekandidat, de 4ten Eisebunnspak an ëm den Handel mat China
An der Emissioun vum Abrëll geet d'Kompetenzteam vun der CSV ënnert anerem op d'Gesetz iwwert den Dateschutz, de PNR, d'Problemer an der Landwirtschaft, d'Panama-Papers, de Referendum an Holland, d'Attentater zu Bréissel an och op d'Flüchtlingsproblematik an.
An der Februar Emissioun geet et ë.a. ëm den TISA-Rapport vum Viviane Reding, dee mat grousser Majoritéit ugeholl ginn ass. Weider Sujete si Steiergerechtegkeet, Brexit, Schwaarzaarbecht, Grenzkontrollen, d'Handelsrelatioune mat China an de Film Democracy.