Catégorie :
D'Kompetenzteam vun der CSV am Europaparalament mécht de Bilan vun den Aarbechten am Parlament zu Stroossbuerg. De Klimaaccord vu Paräis gouf offiziell ugeholl, de Roaming bis Juni 2017 ofgeschaf an de Frank Engel kuckt déi wirtschaftlech Entwécklung a Griicheland ganz kritesch. Donieft goung et an de Froen, déi d'Leit era geschéckt hunn, ëm eis Lëtzebuerger Sprooch an Europa, ëm de Brexit an de Referendum iwwert Flüchtlingsquoten an Ungarn.




